Datenschutz Erklärungen

Eis Säite falen ënnert lëtzebuerger Rescht.

Our pages fall under luxembourgish jurisdiction.

Unsere Seiten fallen unter luxemburgisches Recht.

Nos pages tombent sous la juridiction luxembourgeoise.

1. Dateniwwerdroung / Protokolléiererung

Beim Besiche vun eise Säite protokolléiert eise Server automatesch Informatiounen, déi awer kenger bestëmmter Persoun zougeuerdent kenne ginn. Déi Date beinhalten z.B. wéini een eis besicht huet, respektiv de Browser oder soss technesch Detailer. Déi Daten si geduecht fir a Fäll vu Problemer oder Ugrëff kënne Réckschlëss ze feieren. Déi Date ginn och net un aner Persoune weider ginn.

2. Notzung vu perséinlechen Daten

Perséinlech Date ginn nëmmen erhuewen, wann se fräiwëlleg vum Benotzer z.B. am Kader vun enger Ufro oder änlechem agedroe ginn. Dat selwecht zielt beim Androen an eng Newsletter. Mir gi keng Donnéeën un aner Persounen / Organisatioune weider oder verkafen dës och net. Sollt Dir är Donnéeën erëm wëlle geläscht kréien, da kennt Dir eis natierlech kontaktéieren a mir wäerten deem dann esou schnell ewéi méiglech nokommen.

3. Auskonft, Änneren a Läsche vun Daten

Laut geltend Recht kënnt dir eis natierlech ëmmer kontaktéiere fir gewuer ze gi wat mir vun Donnéeën iwwert Iech gespäichert hunn. Dat selwecht gëllt fir d’Läschen oder d’Ëmännere vun deenen Donnéeën!

4. Sécherheet vun den Daten

Mir probéiere mat all eis zur Verfügung stoende Methoden är Donnéeën ze schützen! Den Trafic tëschent ärem Browser an eisem Server ass diesbezüglech normalerweis verschlësselt a mir recommandéiere beim Verschécke vun extra sensibelen Daten eis am Viraus ze kontaktéieren.

5. Statistiken & Management Tools

Mir benotze fir Statistiken ze féieren iwwert eis Säiten een eegenen Open-Source Tool dee MATOMO heescht. Deen Programm benotzt ënnert anerem „Cookies“, dat heescht kleng Textdateien déi op ärem Computer fir kuerz Zäit gespäichert ginn. Domadder kenne mir Detailer iwwert d’Verhale vun eise Visiteuren zwecks Analysen a Verbesserung vun eise Säite sammelen.

Dees Weidere benotze mir een zentrale Management Tool fir all eis Scripte reegelméisseg ze updaten an doduerch Sécherheets Risiken ze minimiséieren. Déi zwee Programmer (Statistiken a Management) lafen allen zwee op engem Server deen an Däitschland sëtzt, un sech déi selwecht Maschinn op deenen dës Säite lafen. Déi Programmer gi bedriwwe vun NoTele.com

Mir wëlle just hei drop hiweisen, dass mir duerch déi eege Solutioune verhënneren, dass Servicer ewéi Google oder änlech esou mann ewéi Méiglech Informatiounen iwwert eis an eis Visiteure sammele kënnen! Duerch d’Benotze vun eise Säiten erkläert Dir Iech also averstane mam Sammele vun deene puer Informatiounen.

6. Cookies

Op eise Säite kann et sinn, dass Dir vun engem vun eise Scripter Cookies zougeschéckt kritt. Dat si kleng Dateien, déi op ärem Computer fir d’Zäit vun dem Besuch gespäichert ginn an déi et z.B. erméiglechen sech an ze loggen oder änlech Situatiounen ze vereinfachen. Méi Informatiounen a wei äre Browser agestallt ass fir mat Cookies ëm ze goe fannt Dir op der Säit vum Hiersteller vun ärem Browser.

7. Strofverfolgung

Sollte mir iergendwellech Ufroe kréie vun Autoritéite betreffend eiser Benotzer, an déi och an enger legaler Form sinn, wäerte mir natierlech kooperéieren! Dees Weidere wäerte mir am Fall vun enger Strofdot op eise Säiten och kloer all Moyen’en déi eis zu Verfügung stinn drun setze fir déi schëlleg Persounen un ze kloen!
Eis Säiten ënnerleien dem Lëtzebuergesche Recht a sinn an Däitschland gehost, wat bedeit dass mir eis och do den herrschende Reegelen upassen.

8. Ännerunge vun dësem Text

Mir wäerten deen Text hei reegelméisseg veränneren an en à jour hale betreffend deenen aktuelle Virgaben. Sollte gréisser Verännerunge virgeholl ginn, dann erkläre mir dat och hei. Bei Froen net zecken eis ze kontaktéieren!

  1. christine sperl

    Moien ech hat schon mol mat Iech Kontakt wéi mir eng Schofswanderung mat Iech gema hunn.

    Ech wollt froen ob di mir bescheed kent soen wann dir erem eng Ausbildung mat denHënn mat?

    Merci

    Christine

    1. Mir bidden no Méiglechkeet Eenzelstonnen un.
      Einfach kuerzfristeg nofroen, ob a winni et méiglech ass – da gesi mir eis 😉

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Duerch d'Besichen vun eisen Säiten erkläert der Iech averstanen mat eisen Dateschutz Richtlinnen Méi Informatiounen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen